352 497711 facebook
Please copy this Mail-adress [email protected]

News

Den GSP an den Medien 2019

Den GSP an den Medien 2019

1-  D’Isabelle Faber an de Patrick Friedgen beim radio 100,7 am Interview

Rou a Sécherheet

De Groupe de support psychologique vum CGDIS war d’lescht Joer 230 mol am Asaz. 46 fräiwëlleg Mataarbechter sprangen an, wann den 112 oder d’Police si rifft, fir bei Accidenter a Gewalt, déi Betraffen an hiert Ëmfeld ze begleeden.

Mick Entringer / cbi

Isabelle Faber & Patrick Friedgen
D’Isabelle Faber an de Patrick Friedgen si Benevoller am Groupe de support psychologique.

Wann de Groupe de support psychologique geruff gëtt, ass meeschtens eng Persoun gestuerwen, et gouf e Suicide oder e plëtzleche Kandsdoud. D’Benevolle vum Groupe de support ginn ëmmer zu zwee op den Terrain. Virdru krute si eng Basisausbildung vun 120 Stonnen iwwer zwee Joer.

Hëllefen, d’Emotiounen auszehalen

Et wier wichteg, datt eng psychologesch Betreiung an traumatesche Situatioune fréi geschitt, seet d’Isabelle Faber, Benevole beim GSP. Wa si um Terrain ukommen, wieren d’Leit ënner engem schlëmmen emotionale Schock. « Déi Leit hu keng kognitiv Fäegkeete méi. Dat heescht, Dir sidd net méi capabel eng Telefonsnummer ze wielen, Dir wësst net méi, wou uewen a wou ënnen ass, riets a lénks. » Et misst een de Leit virun allem Sécherheet, Rou a Presenz ginn. De GSP wëllt de Leit hëllefen, hir Emotiounen auszehalen, seet d’Isabelle Faber.

De Wéi kéinten d’Benevolle vum GSP zwar net ewechhuelen, mee « et geet drëm, datt d’Leit realiséieren, wat geschitt ass ». An 99 Prozent vun den Asätz wiere si mat engem plëtzlechen Doudesfall konfrontéiert.  »

Et géif een als Géigeleeschtung awer och ganz vill kréien, seet de Patrick Friedgen. « Dat kann ee sech esou net virstellen, dat kann een och net eriwwer bréngen. Dat gesäit een am Asaz. » Et wéilt een de Leit hëllefen, hir Situatioun ze acceptéieren, well « eréischt da kënne si ufänke mat traueren. Dat ass immens wichteg. »

« Wann een net acceptéiert, datt ee léiwe Mënsch gestuerwen ass, da kann ee seng Trauer net starten, a wann een dat net ka maachen, da bleift een an engem emotionale Schock hänken an et kann ee krank ginn. », seet de Patrick Friedgen.

 

 

2- D’Isabelle Faber beim RTL am Interview

230 Interventiounen a 790 Stonnen u Betreiung fir déi 50 Benevoller vum GSP

De Groupe de support psychologique vum CGDIS këmmert sech bei Kriseninterventiounen ëm d’Betreiung vun traumatiséierte Persounen. Vum Frank Elsen

rtl interview

Eng 230 Mol ass de GSP zejoert intervenéiert. Eng ronn 800 Stonnen u Betreiung sinn zesummekomm, wat ongeféier ronn 5 Aarbechtsméint entsprécht. Alleng 139 Mol gouf de Groupe de support 2018 iwwert den 112 geruff, 69 Mol iwwert d’Police an 33 Mol war et de Samu-Dokter, deen de GSP em Hëllef geruff huet.

An deene meeschte Fäll waren et 2 Membere vum Groupe de support psychologique, déi an der Moyenne tëscht 3 a 4 Stonnen am Asaz waren, fir Betraffener ze betreien. Eng Kéier waren esouguer 12 Leit vum GSP mateneen am Asaz. Am Januar 2018 goufen déi meeschten Asätz gezielt. 28 waren et der deemools.

D’Isabelle Faber vum CDGIS erkläert: « Déi Leit si schonn ausgebilt an trotzdeem: all Asaz ass anescht, all Asaz ass schwiereg an déi Leit musse sech adaptéieren, un déi Situatioun, déi se do begéinen. Dat ass natierlech ganz eprouvant an dofir hu mer och selwer Supervisiounen e puer mol d’Joer an déi sinn och obligatoresch a wann eis Memberen net do drun Deel huelen, dann däerfen se och net méi an den Asaz. »

D’lescht Joer ass de GSP eng 30 mol wéinst déidleche Verkéiersaccidenter a 12 mol a Schoulen intervenéiert. Am Verglach zu anere Wochendeeg, gouf et besonnesch dënschdes a mëttwochs méi Kriseninterventiounen. Dat virun allem moies tëscht 10 an 11 Auer.

D’Aarbecht vum Groupe de support psychologique besteet ënnert anerem aus der Betreiung vu Blesséierten oder Zeie vun Accidenter, grad ewéi der Betreiung vu Betraffenen no engem déidleche Verkéiersaccident, engem Suicide oder engem Gewaltverbriechen. Op Demande intervenéiert de GSP och an Entreprisen an a Betriber, z.B. wann e Mataarbechter plëtzlech verstuerwen ass.

No besonnesch schwéieren Asätz steet de GSP och den Asazekippe vum CGDIS fir Eenzelgespréicher oder Stressmanagement ze Verfügung.

De GSP besteet aktuell aus enge 50 Benevoller. Fir beim GSP ze hëllefen, mussen d’Leit awer eng Formatioun vu méi ewéi 120 Stonne maachen. Och an Zukunft géife weider Leit gesicht ginnAll 2 Joer gëtt dofir en Opruff gemaach.

De Groupe de support psychologique ass dann och an den nationale Suizidpreventiounsplang matagebonnen.