352 497711 facebook
Please copy this Mail-adress [email protected]

News

GSP on Tour 2015

GSP on Tour 2015

 

Fir de Weekend vum 26. September 2015 hat de GSP seng Memberen op e gemeinsamen Tour invitéiert. Ongeféier 30 Leit sinn dëser Invitiatoun nokomm a mir si Samschdes Moies als éischt mam Bus op Stolzenbuerg bei Veianen an déi fréier Kofferminn mam Bus vun eisem Chauffeur gefouert ginn. Dës hu mir besichtegt a konnte soumat um eegenen Leif erfueren, wéi et sech ufillt duerch e schmuelen, deelweis gefluteten Tunnel puer Meter ennert der Äerd ze goen. Duerno si mir op Maarnech an de Restaurant Reiles gefuer fir zu Mëtteg z’iessen. Fir dës Molzécht gudd ze verdauen, gouf anschließend eng Teambuildingaktivitéit zu Klierf organiséiert. Hei goung et bei engem Rallye duerch de Bësch drëm, Aufgaben ze bewältegen an Puzzlestécker, déi op verschidde Plaatzen verstoppt waren, ze fannen. Dës Aufgaben konnten nemmen am Team an duerch Matarbecht vun all Eenzelnen erleedegt gin.

GSP on Tour 2015

Déi Stonn virum gemeinsamen Owesiessen stung jidderengem zur fräien Verfügung. Déi eng hunn se genotzt fir an der Sauna z’entspaanen, während déi aaner a gemittlecher Ronn geschwat hunn.

 

Während dem Owesiessen, waat am Hotel Koener zervéiert gouf, sinn déi gesammelt Puzzlestécker zesummegesaat ginn an hunn ee Bild, waat den Teambegreff veranschaulecht huet, erginn.

 

No der Iwwernuechtung am Hotel Koener an nom gemeinsamen Frühstück si mer d’Ausstellung “Family of Man” kucke gang. Fir de Weekend gemittlech ofzeschléissen, ass nach jiddereen op e Brunch invitéiert ginn.

 

(Text: Pascal Schmit)